Et ass schlussendlech zu wierklech grandiosen Zuelen komm: Des Woch huet dei 5000sten Persoun de Film „Ons Identiteit“ um Internet gekuckt.
De Blog vum Film gouf souguer iwwer 7000 mol opgeruf. Wann een lo nach dei vill patriotesch Artikelen an de Medien (Quotidien, Féierkrop, Wort, Revue…) dobairechnet kann een Wuel vun engem gelongenen Coup vum Emil an sengen Matt-Letzebuerger schwätzen. Op deser Plaatz well d’Team dann lo och ukennegen, daat mir schon zenter Meint un engem neien Projet schaffen: Enn Juli gett gedreihnt an am Hiescht wäert et dann eng Premiere ginn! Dese Blog hei bleiwt bestoen, gett awer net weider aktualiseiert.
Hei fannt dir de Film:
Ons Identitéit
---
"Et gett nach emmer e puer Léit, déi wësse fir wat hier Grousselteren am Krich gekämpft hunn: Si hu fir ons Existenz gekämpft, fir ons Kultur . . . a fir onse Béier. Mir mussen eis hei am Land dofir ansetzen datt fir onse BÉIER gekämpft gëtt!" Wirtsen Emil
---
D'Première vum Film wor den 13.November am Ciné Sura, Zenter dem 2ten Dezember ass en online, an zenter dem 9ten Dezember och matt Ennertitelen op Franseich, daitsch ze gesinn! Englesch Ennertitelen sinn am gaangen geschriwwen ze ginn
---
Kontakt:
ons_identiteit@hotmail.comDe Film op aaneren Saiten
Eis Inspiratiounquellen:
Links