Fazit: 5000 Patrioten hunn hiere Film gekuckt!

Gutt Bilanz

Eng gutt Bilanz fir "Ons Identiteit"

Et ass schlussendlech zu wierklech grandiosen Zuelen komm: Des Woch huet dei 5000sten Persoun de Film “Ons Identiteit” um Internet gekuckt.
De Blog vum Film gouf souguer iwwer  7000 mol opgeruf. Wann een lo nach dei vill patriotesch Artikelen an de Medien (Quotidien, Féierkrop, Wort, Revue…) dobairechnet kann een Wuel vun engem gelongenen Coup vum Emil an sengen Matt-Letzebuerger schwätzen. Op deser Plaatz well d’Team dann lo och ukennegen, daat mir schon zenter Meint un engem neien Projet schaffen: Enn Juli gett gedreihnt an am Hiescht wäert et dann eng Premiere ginn! Dese Blog hei bleiwt bestoen, gett awer net weider aktualiseiert.

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar

Ons sexy Identitéit – lo an der Revue

–> Direkt bei de Film (hei klicken)

Nodeems d’”Revue” dest Joer schon fir richteg patriotesch Stemmung gesuergt huet (mir erenneren eis: 07/2011 – Happy Birthday, Prinzessin Alexandra, 06/2011 – All Guddes, 30. Hochzäitsdag, 03/2011 – Rätsel um die Gëlle Fra, 01/2011 – Happy Birthday, Grand-Duc Jean) geet et lo schlussendlech em d’Essenz vun eiser nationaler Identitéit. Passenderweis ass den Titel vun der neitster Editioun demno: “Liebe und Sex der Luxemburger“. Allerdings, an lo kennt dei gudd Nouvelle, heecht fir d’Revue “Liebe und Sex der Luxemburger” souvill wei “Sex vun deenen dei hei am Land wunnen”, an et däerf een souguer matt Frontalieren Sex hunn, et gett also ausnahmsweis NET op de Pass gekuckt, an och net op d’Sprooch…
Schued, wäerten sech lo d’Patrioten denken, well beim Sex vun richtegen Lëtzebuerger och nemmen richteg Lëtzebuerger entstoe geifen an dann och kloer ginn wier wei eis glecklech Natioun geint auslännesch Eindringlingen bestoe keint: Mir reproduzeieren eis nemme matt eis selwer. Dorops hätt den Emil och komme kënnen. Lo kann een just nach hoffen daat d’CSV sech beim Avortementsgesetz duerchsetze kann, fir jonken Lëtzebuergerinnen des national Aufgabe nach eng Kéier an engem Experte-Gespraich bewosst maachen ze kënnen.
Iwwert den laangen Artikel iwwert eise Film hu mer eis jiddverfalls vill gefreet: Merci Revue: Ons Identitéit goes Mainstream.

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar

5 Wochen online

Zweeten Bilan: “Ons Identiteit” an de Medien

Nation par la Grâce de Dieu

No dem groussen Volleks-Ustuerm op de Film an deenen eischten 2 Wochen an nodeems d’Internetplattformen (Diverse Blogs, sokrates.lu, pianocktail.lu) sech schon virbildlech mam Thema beschäftegt hunn, recken elo dei gedreckten Medien no: De Feierkrop, d’Wort an virunallem de Quotidien hunn iwwert ons patriotesch Missioun geschriwwen.

Aktuell Views: 4 Jan. 2011: 4010, dobai kommen 208 (daitsch Ennertitelen) an 176 (franseich Ennertitelen)

Donieft gouf de Film eng weider Kéier öffentlech gewisen: an der Aula. Ween de Film weisen well, sief et an engem Café oder soss en publique, awer och bei sech doheem deen kann eis kontakteieren fir eng besser-opleisend Versioun ze kreien wei dei, dei um Netz ass.

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar

Ons Identiteit – 2 Januar an der Aula

Onse Film “Ons Identitéit” gett den

2 Januar um 21:00 Auer

an der Aula am Gronn gewisen. Entrée ass natirlech gratis.

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar

Crise d’identité – Quotidien Artikel

Den Quotidien huet eiser patriotescher Missioun haut eng ganz Sait gewidmet.

Den Artikel fannt der souwuel an der Printausgaab wei och online: http://www.lequotidien.lu/culture/18516.html

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar

Zenter 2 Wochen online

Eischten Bilan: “Ons Identitéit” steet lo zanter 2 Wochen am Netz

D’Zuelen sinn sou eendeiteg an iwwerwältegend wei dem Grand-Duc seng Wahlresultater: An den eischten 2 Wochen gouf de Film 3100 mol gekuckt.*

Fir d’ganzt Land zeréckzegewannen geet daat natirlech nach net duer, doweinst wäerte mir eisen patrioteschen Kampf weiderféieren, an zielen dobai ganz op äer Ennerstëtzung. Waat dir maache kënnt: Verlinkt de Film am Internet, weist en äere Frenn a Koleegen, Nooperen an bekannten Frontalieren, schwätzt an diskuteiert driwwer: op äerer Arbecht als Staatsbeamten, doheem als lëtzebuerger Hausfra oder och als Journalist op RTL (traut iech mol eppes, emmerhin geet et em d’Zukunft vun eisem Land).

Informatiounen weiderhin emmer hei um Blog

* [Referenz: am Bezirk Osten sinn 9,51% vun de Stemmen un d'ADR gaangen: daat sinn emgerechnet: 2659 Leit! Mee mir sollten de Bleck no fiir haalen: Als nächst gellt et den Jean Colombera an de Jacques-Yves Henkes z'iwwerhuelen, dei 5110 (bzw. 6158) Leschtestemmen kruuten. (src: wahlen2009.rtl.lu)]

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar

Ons Identitéit – Se gouf gekropt

De Feierkrop huet sech de Film och ugedoen, an huet ee Freiden (also nach virum Wortartikel, hier Éier ass domat gerett!) ee kuerzen Artikel zum Film gedreckt. Mir wooren eis bewosst daat mer eis bei onsem patrioteschen Kampf op sie verloossen können. Merci.

(hei donieft den Artikel vum 10.12.2010, drop klicken fir en mei grouss ze gesinn)

Veröffentlicht unter Uncategorized | Hinterlasse einen Kommentar